• Fédération des Artisans

Fédération des Artisans sicht e Verbandsconseiller (m/f)

FEDERATION DES ARTISANS Daachverband vum Lëtzebuerger Handwierk mat iwwer 3.000 Memberen sicht een

VERBANDSCONSEILLER (m/f)

fir d‘Organisatioun vum Handwierk weider ze stäerken.

Wéi gesäit Äre breetgefächerte Funktiounsberäich aus?

• Dir sidd de privilegéierten Kontaktpunkt tëscht dem Handwierksbetrib a senger Organisatioun;

• Dir stitt dem Handwierker all Dag mat Rot an Dot zur Säit an dat an alle méigleche Belaanger;

• Dir hëlleft de Betriber aus dem Handwierk duerch Är juristesch an technesch Berodung;

• Dir gitt verantwortlech fir d‘Gestioun vun enger Rei Handwierksverbänn, an enger éischter Phas aus dem Beräich Parachèvement;

• Hei këmmert Dir Iech em den administrativen Deel vun der Verbandsaarbecht an hëlleft mat Zieler, Virgoensweisen a Strategien ze définéieren;

• Dir schafft Iech spezialiséiert a verschidden Dossieren an, déi d’Handwierk interesséieren;

• No enger éischter Phas wou Dir gewëssermoossen „ugeléiert“ gitt, schafft Dir zimlech selbststänneg an autonom an deene Beräicher déi Iech zougewisen goufen.

Wat fir Konditiounen musst Dir erfëllen?

• Dir hutt e Héichschouldiplom

• Dir schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch;

• Am Idealfall sinn weider Sproochekenntnisser bestëmmt keen Nodeel;

• Dir hutt Interessi fir politesch, sozial an ekonomesch Dossieren;

• Dir verspiert an Iech selwer eng gesond Portioun Entrepreneursgeescht;

• Dir hutt Liichtegkeet am Ëmgang mat de Leit a besonnesch mat Leit déi selwer och eng staark Meenung hunn;

• Idealerweis hutt Dir schonns bëssen Ahnung am Aarbechts- a Sozialrecht oder an esou Beräicher wéi Ëmwelt, Nohaltegkeet, Formatioun,...;

• Motivatioun, Organisatioun, Verantwortungsgefill, Selbstännegkeet an Teamgeescht musse net extra präziséiert ginn, gehéieren awer zum Pak.

A wat bidde mir?

• Keng Plaz, mee eng Schaff, am Kontakt mam Handwierk a senge Betriber, dat Ganzt an engem flexible Kader wou Dir an Är Intressen och net ze kuerz kommen;

• D’Satisfaktioun déi ee verspiert, wann een engem Betrib a senge Mataarbechter konnt hëllefen;

• Dir hutt de Fanger um Bols vun der sozio-ekonomescher Aktivitéit zu Lëtzebuerg an an Europa;

• Dat alles mat engem gudden Aarbechtsklima an enger motivéierter an begeeschterter Equipe mat 16 Kolleginnen a Kollegen;

• Eng Pai a Relatioun mat deem wat Dir leescht a wéi Dir virukommt an déi d’Konkurrenz net onbedéngt ze fäerten brauch;

• All Dag nei Projeten an Initiativen déi nëmmen op Iech waarden fir konkretiséiert ze ginn;

• Grouss Autonomie an Ärer deeglecher Aarbecht. Dir hutt Loscht dat Experiment ze woen an Iech am Handwierk mam Handwierk a fir d’Handwierk anzesetzen?

Dir wëllt de Secteur begleeden an deenen Erausfuerderungen déi mat Handwierk4.0 op d’Betriber zoukommen?

Dann zéckt net a mellt Iech sou séier wéi méiglech: Fédération des Artisans

BP 1604

L-1016 Luxembourg Romain SCHMIT / r.schmit@fda.lu

Partager
Google Plus
LinkedIn

FDA - Newsletter


Inscrivez-vous à notre Newsletter pour être informé régulièrement de nos activités
FédérationFédération des Artisansdes Artisans

Adresse

2, circuit de la Foire Internationale
Luxembourg-Kirchberg
Adresse postale:
BP 1604
L-1016 Luxembourg

Follow us

FDA on Facebook FDA on Twitter FDA on Youtube FDA on LinkedIn FDA on Google+

Besoin d'un Devis?

wedo, le portail des artisans

Contactez-nous

Invalid Input
Veuillez introduire une adresse mail valide
Invalid Input
Invalid Input
merci de cocher