• Fédération des Artisans

La Fédération des Artisans recrute: E Verbandsconseiller (m/w)

FEDERATION DES ARTISANS

Daachverband vum lëtzebuerger Handwierk mat iwwer 3.000 Memberen sicht een

VERBANDSCONSEILLER (m/f)

fir d‘Organisatioun vum Handwierk weider ze stäerken.

Wéi gesäit Äre breetgefächerte Funktiounsberäich aus? 

Dir sidd de privilegéierten Kontaktpunkt tëscht dem Handwierksbetrib a sénger Organisatioun; 

Dir stitt dem Handwierker all Dag mat Rot an Dot zur Säit an daat an alle méigleche Belaanger; 

Dir hëlleft de Betriber aus dem Handwierk duerch Är juristesch an technesch Berodung; 

Dir gitt verantwortlech fir d‘Gestioun vun enger Rei Handwierksverbänn, an enger éischter Phas aus dem Beräich Liewensmëttelhandwierk, Kierperpfleeg, Gesondheet a Moud; 

Hei këmmert Dir Iech em den administrativen Deel vun der Verbandsaarbecht an hëlleft mat Zieler, Virgoensweisen a Strategien ze definéieren;

Dir schafft Iech spezialiséiert a verschidden Dossier’en an déi d’Handwierk interesséieren;

No enger éischter Phas wou Der gewëssermoossen „ugeléiert“ gitt schafft Dir zimlech selbststänneg an autonom an deene Beräicher déi Iech zougewisen goufen.

Waat fir Konditiounen musst Dir erfëllen?

Dir sidd Titulaire vun engem Master am Droit;  alternativ kann et awer och een Diplom sinn an engem Beräich no bei der handwierklecher Liewensmëttelhierstellung (beispillsweis Oecotrophologie) oder am Beräich Journalismus a Politik; 

Dir schwätzt fléissend lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch;  Am Idealfall sinn weider Sproochekenntnisser bestëmmt keen Nodeel;

Dir hutt Intressi fir politësch, sozial an ekonomësch Dossier’en; 

Dir verspiert an Iech selwer eng gesond Portioun Entrepreneursgeescht; 

Dir hutt Liichtegkeet am Ëmgang mat de Leit a besonnësch mat Leit déi selwer och eng staark Meenung hunn; 

Idealerweis hutt Der scho bëssen Ahnung am Aarbechts- a Sozialrecht oder an esou Beräicher wéi Ëmwelt, Nohaltegkeet, Formatioun,...; 

Motivatioun, Organisatioun, Verantwortungsgefill, Selbststännegkeet an Teamgeescht mussen net extra präziséiert ginn, gehéieren awer zum Pack.

A waat bidde mir?

Keng Platz, mee eng Schaff, am Kontakt mam Handwierk a sénge Betriber,

daat Ganzt an engem flexible Kader wou Dir an Är Intressen och net ze kuerz kommen;

D’Satisfaktioun déi ee verspiert, wann een engem Betrib a sénge Mataarbechter konnt hëllefen;

Dir hutt de Fanger um Bols vun der sozio-ekonomëscher Aktivitéit zu Lëtzebuerg an an Europa;

Daat Alles mat engem gudden Aarbechtsklima an enger motivéierter an begeeschterter Equipe mat 16 Kolleginnen a Kollegen; 

Eng Pai a Relatioun mat dem waat Dir leescht a wéi Der virukommt an déi d’Konkurrenz net onbedéngt ze fäerten brauch; 

All Dag nei Projet’en an Initiativen déi nëmmen op Iech waarden fir konkretiséiert ze ginn; 

Grouss Autonomie an Ärer deeglecher Aarbecht.

Dir hutt Loscht dat Experiment ze woen an Iech am Handwierk mam Handwierk a fir d’Handwierk anzesetzen?

Dir wëllt de Secteur begleeden an deenen Erausfuerderungen déi mat Handwierk4.0 op d’Betriber zoukommen?

Dann zéckt net a mellt Iech sou séier wei méiglech: Romain SCHMIT / r.schmit@fda.lu

Partager
Google Plus
LinkedIn

FDA - Newsletter


Inscrivez-vous à notre Newsletter pour être informé régulièrement de nos activités
FédérationFédération des Artisansdes Artisans

Adresse

2, circuit de la Foire Internationale
Luxembourg-Kirchberg
Adresse postale:
BP 1604
L-1016 Luxembourg

Follow us

FDA on Facebook FDA on Twitter FDA on Youtube FDA on LinkedIn FDA on Google+

Besoin d'un Devis?

wedo, le portail des artisans

Contactez-nous

Invalid Input

Veuillez introduire une adresse mail valide

Invalid Input

Invalid Input