• Fédération des Artisans
  • FDA
  • Media
  • News
  • Deine Talente, Deine Zukunft: Luxskills, die nationalen Berufsmeisterschaften

Stagiaire oder Student(in) gesicht!

Du hues en Mindestalter vun 18 Joer an scho en Führerschein? Interesséiers dech fir de Beräich vum Event-Planing an Organisatioun?

Du hues fir déi nächst puer Méint Zäit a Loscht en flotten an ofwiesslungsräiche Stage ze maachen, deen dir nei Dieren opmécht an nei Erfarunge brénge kann?

Dann bass du bei ons genau richteg!

Fir d`Organisatioun vum Concours „Timber Construction European Championships Luxembourg 2018“ siche mir een/eng Stagiaire fir eng „rund-um“ Ënnerstëtzung. Zu den Aufgabe gehéiere Aufgabe-planning opzestellen an ze erfëllen, sech em den Internet-Site souwéi em sozial Medien ze këmmeren a bei de villfältege Planunge fir de Concours ze hëllefen.

Dëst bitt dir Méiglechkeet, dech weider ze entwéckelen, villes aus der Eventplanung bei ze léieren a villäicht nei Interessen ze entdecken.

Du bass also motivéiert, flexibel a kanns dech gutt organiséieren? Du hues villäicht scho bëssi Erfarung mat Plange vun Eventer a wëlls däi Kënnen ënner Beweis stellen?

Du schwätz Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch a fënns des Annonce uspriechend?

Dann schéck eis däi CV mat denge Kontaktdate per Mail un folgend Adresse: p.pereira@fda.lu

Wéini? Ma ab elo! Sou schnell wéi et dir geet, respektiv ab wéini du disponibel bass.

Bis? Gesicht gëtt fir bis den Oktober 2018, mir sinn do awer flexibel mat den Zäiten. Wichteg ass fir eis, dass du en Minimum vu 6 Woche kanns bei ons sinn.

Partager
Google Plus
LinkedIn

FDA - Newsletter


Inscrivez-vous à notre Newsletter pour être informé régulièrement de nos activités
FédérationFédération des Artisansdes Artisans

Adresse

2, circuit de la Foire Internationale
Luxembourg-Kirchberg
Adresse postale:
BP 1604
L-1016 Luxembourg

Follow us

FDA on Facebook FDA on Twitter FDA on Youtube FDA on LinkedIn FDA on Google+

Contactez-nous

Invalid Input

Veuillez introduire une adresse mail valide

Invalid Input

Invalid Input