Skip to main content

FDA - NEWS

Affär Enovos: Oppene Bréif un de Wirtschaftsminister Etienne SCHNEIDER

Här Minister, Dir wësst datt d‘Fédération des Artisans am Gaang ass mat der ENOVOS eng Kooperatioun op d’Been ze stellen, fir haaptsächlech déi nei Technologien am Energieberäich mat der néideger Vitesse an Déift groussflächeg bei privaten an kommerzielle Clienten z’installéieren.

Dir wësst et, well Dir schliisslech selwer e groussen Deel um Entstoe vun dëser Kooperatioun bäigedroen hutt nodeems mir am Fréijoer zwee Mol bei Iech waren, fir dem zoustännegen Wirtschaftsminister matzedeelen, dass d’Handwierk déi – deemools nëmme geplangten - Iwwernahm duerch de Quasi-Staatsbetrib ENOVOS vun engem Privatbetrib aus dem handwierklechen Energieberäich net kéinten a géife guttheeschen. ENOVOS sot, sie bräichten een Installateur fir de Feedback aus dem Marché ze kréien iwwer déi nei Technologien, a sou ganz niewebäi wollten se een Deel vum Chiffre d’Affaires mathuelen.

Mir hunn argumentéiert, dass dës Pläng géifen zu Konkurrenzverwerfungen féieren, souwuel am Beräich vun de Privathaushalter, wéi awer och bei Groussanlagen a bei ëffentlechen Soumissiounen. Dir hutt deemools grousst Verständnis fir eis Positioun gewisen an hutt eis Propositioun ënnerstëtzt, zësumme mat der ENOVOS eben eng Kooperatioun anzegoen fir zësummen den Dossier vun enger neier Energiepolitik virunzebréngen.

Domat war et dem fir d’Handwierk zoustännege Wirtschaftsminister an zugläich Energieminister an Haaptaktionär vum Stroumliwwerant op d’mannst zäitweileg gelongen Rou an den Dossier ze kréien an e gréissere Sträit ze vermeiden. Deemools war kloer, dass d’ENOVOS hir entspriechend Pläng net komplett begruewen hätt, allerdéngs hate mer gemengt, se géif der Kooperatioun fir d’éischt eng Chance ginn, éier se all eiser Oppositioun zum Trotz nawell géif een handwierkleche Betrib iwwerhuelen.

Nach éier déi Diskussioune konkret Resultater Opweises hat, kënnt d'Nouvelle, dass d'ENOVOS e grousse Player kaaft huet fir selwer um Marché aktiv ze ginn. Dës Nouvelle suergt bei de Betriber aus dem Secteur fir Opreegung wéi mer di lescht Deeg gemierkt hunn a wat mir als Fédération des Artisans gutt verstoe kënnen. Elektro- an Installateurbetriber hunn all Dag mat der ENOVOS ze dinn, an déi Relatioune kréien duerch déi Iwwernahm eng nei Qualitéit. ENOVOS ass net iergend e Betrib.

Et ass dee mat Ofstand gréissten Energieliwwerant hei am Land (an och am Ausland aktiv) an elo och gläichzäiteg e Konkurrent, deen doriwwer eraus och nach riskéiert, eng konkurrenzverzerrend Situatioun ze schafe wéinst sénger dominanter Positioun. Dat ass eng ganz nei Situatioun, a vill Betribscheffen hunn ugekënnegt, hier aktuell Haltung zu ENOVOS wëllen z’iwwerdenken.

Mir verstinn d‘Bedenken vun de Betriber déi di lescht Deeg ganz däitlech bei eis formuléiert goufen: "Wat reit eng Regierung, fir mat engem ëffentlech kontrolléierte Betrib an ee Secteur anzebriechen, deen eng perfekt Konkurrenzsituatioun huet mat honnerte Betriber vun ënnerschiddleche Gréissten a Spezialisatiounen? Ginn et keng Betriber, déi di nei Technologien beherrschen, sou dass de Staat muss als Dreiwer agéieren?“

Wuel kaum, well dann hätt ee sech jo net missen akafen! Ginn et aner Argumenter, firwat hautdesdaags ee Staat oder staatlech Entreprisen op Käschte vum Privatmarché sou eng liwweren? Mir gesinn keng, ausser dass d’ENOVOS, wat se och zougëtt, méi Geld verdéngen well! “Wat seet eng Spuerkeess oder eng Post – si sinn schliisslech zwee vun den Haaptaktionäre – fir hiren eegene Clienten mat esou enger Aktioun zousätzlech Schwieregkeete ze maachen?”

Virun allem bei Soumissiounen wäert den "neien" ENOVOS-Betrib duerch séng deloyal gënschteg Finanzéierungsméiglechkeeten (staatlechen Aktionär, Staatsbank am Réck) den aneren Konkurrenten d’Liewen nach méi schwéier maachen wéi se et haut schonn hunn.

D’Fédération des Artisans wollt sech, a virun allem di honnerte Betriber aus dem Secteur vun der Energie, als kompetenten an zouverlässegen Partner vun der Energiepolitik vun der Regierung etabléieren, fir esou d'Ëmsetzung vun engem Rifkin-Prozess weiderzedreiwen a Richtung „Energie-Internet“.

D’Hoffnung war och, dass d’ENOVOS eben net géif an de Marché agräifen well do eng staatlech Interventioun total iwwerflësseg a kontraproduktiv ass. Mir wollten eigentlech mat der ENOVOS zësummen nëmmen Photovoltaik-Anlagen, Batterien, Regelungen, smart apps asw. entwéckelen hëllefen an déi dono beim Client installéieren. D’Handwierk geet dovunner aus, dass et fir d'ENOVOS onméiglech ass, mat dem kaafte Betrib net vun sénger dominanter Positioun ze profitéieren sou dass aner Betriber vum Marché verdrängt ginn.

De ganze Secteur ass schockéiert a versteet dës Aktioun vum Wirtschafts- an Energieministère net! D’Fédération des Artisans appeléiert un d’Regierung, de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, an och un d’Conseilen vun der Spuerkeess a vun der Post, fir sech hirer politescher a ekonomescher Verantwortung vis-à-vis vun de mëttelstännege Betriber bewosst ze sinn, an dofir ze suergen, dass des Aktioun net zu enger Ofschwächung vun dësem wichtegen an zukunftsträchtege Secteur an zu belaaschte Relatioune tëscht der ENOVOS als Energieliwwerant an de Betriber féiert.

D’Handwierk wier frou, vum zoustännege Wirtschafts- an Energieminister Etienne Schneider eng Stellungnahm iwwert d’Vuen vun der Regierung an dem Dossier ze kréien. Wat sinn d’Argumenter vun der Regierung fir déi legitim Intressen vun mëttelstännege Betriber hanner kuerzfristegt Profitdenken vu Staatsbetriber ze stellen?

A sot net, de Rifkin hätt dat gär sou!