Skip to main content

FDA - NEWS

Message vum Michel RECKINGER, Präsident vun der Fédération des Artisans

Léif Kolleginnen a Kollegen Handwierker,

Säit enger gudder Woch as näischt méi wéi virdrun. Déi global Corona-Pandemie huet och Lëtzebuerg fest am Grëff. Déi meeschten Handwierksbetriber hunn zougemaach. Säit leschte Freiden rouen am ganze Land och d’Aarbechten op de Chantieren.

D’Liewensmëttelhandwierk, Botzbetriber, d’Optiker, Taxien an- et ass wéi et ass - d’entreprises de pompes funèbres schaffen weider, well mer an der aktueller Situatioun net op si verzichte kënnen. Betriber aus dem Bau an der Mécanique assuréieren weiderhin Dépannagen a kritesch Entretienen fir dass d’Infrastruktur um Lafe bleift an d‘Grondversuergung vun den Leit geséchert ass.

Hinnen alleguer gehéiert eis Unerkennung an Dankbarkeet, genau wéi dem medizineschen Personal an den dausenden Hänn déi d’Land um Liewen halen.

Lëtzebuerg ass am Noutbetrib. Als Handwierk ënnerstëtze mer dës Décisiounen vun der Regierung, déi néideg sinn fir dass eise Gesondheetssystem net kollabéiert. An dëser Situatioun vun Onsécherheet musse mer zesummenstoen a resolut handelen.

Fir eis Handwierker ass dat natierlech keng einfach Situatioun. Vun 200 op 0, vun engem Dag op deen aneren. Gëschter nach war eisen Haaptproblem, dass mer net genuch Leit haten fir eis vill Aarbecht ze packen. Haut musse mer domat eens ginn, dass mer bis op Weideres net méi schaffe kënnen.

An de leschten Deeg hunn vill Memberen mech perséinlech ugeruff an hunn sech beim Sekretariat vun der Federatioun gemellt. Ech kann Iech net verstoppen, dass a villen vun dëse Gespréicher d’Verzweifelung an d‘Veronsécherung duerchgeklongen ass an ech verstoppen Iech och net, dass méi wéi eng Tréin gefloss ass. Déi meeschte Suergen maachen d‘Patronen sech em hir Mataarbechter an hir Famillen. Fir de Betrib ganz oder deelweis zou ze maachen a „seng“ Leit an de chômage partiel ze schécken ass fir eis Handwierker eng Situatioun déi mer nëmmen ganz schwéier akzeptéieren kënnen.

Wéi geet et elo virun? An de leschten Deeg ware mer all domat beschäftegt Kuerzaarbecht unzefroen an déi verschidden Démarchen bei der Sécurité sociale a bei de Steieren unzefroen. Regierung huet den chômage partiel fir d’Handwierksbetriber opgemaach an domat kréien eis Mataarbechter 80 Prozent vun hirem Loun assuréiert. Et goufen Délaien accordéiert fir Steieren an Soziallaaschten ze verréckelen an deelweis gouf och TVA rembourséiert.

Dat as gutt, mee dat geet net duer. Dir wësst et alleguer. En Handwierksbetrib deen keng produktiv Stonnen huet, a keng Rechnungen kann schreiwen, kann net laang iwwerliewen. Vill Käschte lafe weider an d‘Rentabilitéit vun eise Betriber huet et eis net erlaabt grouss Reserven unzeleeën vun deenen mer elo ziere kéinten.

 

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Zesumme mat de Kollegen aus den aneren Organisatiounen, déi an der UEL organiséiert sinn, si mir an enger concertéierter Aktioun an am permanenten Austausch mat der Regierung an si ass sech dëser Situatioun kloer bewosst. Et geet elo drëms ganz schnell Liquiditéiten an d‘Betriber ze kréien a Garantien ze mobiliséieren, fir dass mer dës Zäit iwwerbrécken kënnen. Am Moment steet dat medezinescht Personal un éischter Front. Wann dës sanitär Kris eriwwer ass, Kolleginnen an Kollegen, sinn mir an eis Mataarbechter et déi un der Front stinn, fir eis Betriber an d’Lëtzebuerger Economie ze stabiliséieren. Mir sinn fest entschloss eis Betribr an eis Aarbechtsplazen ze verteidegen. Dat wees och d’Regierung a mir sinn eis eens, dass et elo drëms geet fir de Mëttelstand a seng Aarbechtsplazen ze erhalen an duerch dës Kris ze féieren. Als Lëtzebuerg hu mer gesond Staatsfinanzen an en Triple A. De Moment ass elo definitiv komm wou mer den Tromp musse spillen.

An de nächsten Deeg wäert d‘Regierung weider Moossnamen fir d‘Betriber a fir d‘Indépendanten bekannt ginn an och déi Lëtzebuerger Banken hunn signaléiert, dass se hir Clienten ënnestëtzen wäerten. Als Fédération des Artisans stinn mer am stännegen Kontakt mat der Regierung an den Autoritéiten a mir wäerten Iech iwwert all Schrëtt um Lafenden halen.

Och an dësen schwéieren Zäiten bleiwen d’Handwierksorganisatiounen handlungsfäeg. Sekretariat vun der Fédération des Artisans ass besat. D‘Mataarbechter sinn um Kierchbierg oder iwwer Télétravail weiderhin am Déngscht, fir de Kontakt zu den Autoritéiten ze halen an fir d’Memberen z’informéieren an ze beroden. Dat selwescht gëllt fir d’Chambre des Métiers an d’Mutualité des PME. Ech soen hinnen vu menger Säit aus ee ganz décke Merci!!

 

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Et sinn schwéier Zäiten an et kënnt vill Aarbecht op eis duer fir eis Betriber iwwert de Bierg ze kréien. Mee och dës Kris wäert eriwwer goen. Dat ass sécher. D’Welt wäert eng aner sinn, dat ass och sécher; a mir sinn och amgaang eis Gedanken ze maachen iwwert dës ‚nei‘ Welt no der Kris.

Am Gespréich mat eise Memberen ass nach e Message eriwwer komm. Wann deen éischte Schock sech bis geluecht hat, koum bei de meeschten déi méi trotzeg Attitude zum Virschéin déi mer all kennen: „Ma merde, mir sinn d‘Handwierk, mir packen dat“.

„Mir sinn d‘Handwierk a mir packen dat“, ass och mäin Message, den ech Iech als Präsident vun der Fédération des Artisans haut mat op de Wee ginn.

Bleift gesond a monter.

Michel RECKINGER
President vun der Fédération des Artisans