Skip to main content

FDA - NEWS

Verbandsconseiller- Jurist

FEDERATION DES ARTISANS

Daachverband vum lëtzebuerger Handwierk mat iwwer 3.000 Memberen sicht een

Verbandsconseiller- Jurist 

fir d‘Organisatioun vum Handwierk weider ze stäerken.

Wei gesäit Äre breetgefächerte Funktiounsberäich aus?

Dir stitt den Handwierksbetrieber all Dag duerch Är juristesch Berodung zur Säit;

Dir sidd de privilegéierten Kontaktpunkt tëscht dem Handwierksbetrib a senger Organisatioun;

Dir schafft zesummen mat der Direktioun am Beräich Beschäftegung, sozial Relatiounen an Arbechtsrecht;

Dir gitt verantwortlech fir d‘Gestioun vun enger Rei Handwierksverbänn;

Hei këmmert Dir Iech em den administrativen Deel vun der Verbandsaarbecht an hëlleft mat Zieler, Virgoensweisen a Strategien ze definéieren;

Dir schafft Iech progressiv a verschidden Dossier’en an déi d’Handwierk interesséieren a wou Dir Iech musst spezialiseieren;

No enger éischter Phas wou Der gewëssermoossen „ugeléiert“ gitt schafft Dir zimlech selbststänneg an autonom an deene Beräicher déi Iech zougewisen goufen.

Wat fir Konditiounen musst Dir erfëllen?

Dir sidd Titulaire vun engem ofgeschlossenen Heichschouldiplom am Droit;

Dir schwätzt fléissend lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch;

Weider Sproochekenntnisser si bestëmmt keen Nodeel;

Dir hutt Intressi fir politesch, sozial an ekonomesch Dossier’en;

Dir verspiert an Iech selwer eng gesond Portioun Entrepreneursgeescht;

Dir hutt Liichtegkeet am Ëmgang mat de Leit (a besonnesch mat Leit déi selwer och eng staark Meenung hunn);

Dir hutt idealerweis Experienz fir am Beräich Arbechts- a Sozialrecht geschafft ze hunn;

Motivatioun, Organisatioun, Verantwortungsgefill, Selbststännegkeet an Teamgeescht mussen net extra präziséiert ginn, gehéieren awer zum Paack.

 A wat bidde mir?

Keng Plaatz, mee eng Schaff, am Kontakt mam Handwierk a senge Betriber, dat Ganzt an engem flexibele Kader wou Dir an Är Intressen och net ze kuerz kommen;

D’Satisfaktioun déi ee verspiert, wann een engem Betrib a senge Mataarbechter konnt hëllefen;

Dir hutt de Fanger um Bols vun der sozio-ekonomescher Aktivitéit zu Lëtzebuerg an an Europa;

Dat Alles mat engem gudden Aarbechtsklima an enger motivéierter an begeeschterter Equipe mat 19 Kolleginnen a Kollegen;

Eng Pai a Relatioun mat dem wat Dir leescht a wei Der virukommt an déi d’Konkurrenz net onbedéngt ze fäerten brauch;

All Dag nei Projet’en an Initiativen déi nëmmen op Iech waarden fir konkretiséiert ze ginn;

Grouss Autonomie an ärer deeglecher Aarbecht.

Dir hutt Loscht dat Experiment ze woen an Iech am Handwierk mam Handwierk a fir d’Handwierk anzesetzen? Dir wëllt de Secteur begleeden an deenen Erausfuerderungen déi mat Handwierk4.0 op d’Betriber zoukommen?

 

Dann zeckt net a mellt Iech sou séier wei méiglech a speitstens bis den 15. November :

Romain Schmit / r.schmit@fda