Skip to main content

FDA - NEWS

Zum Logements-Noutstand: ‘Invoquer l’écologie pour bloquer des constructions, c’est se moquer du monde’

 

Des Ausso kennt vum Emmanuelle Cosse, der fréier franséischer Logementsministesch ënnert dem Emmanuel Macron, a Generalsekretärin vun de franséische Gréngen, Europe Écologie-Les Verts. Haut schwätzt Sie an hirer Funktioun als Presidentin vun der ‘Union sociale pour l’habitat‘, dat ass d‘Federatioun déi a Frankräich de Secteur vum soziale Wunnengsbau representéiert. A Sie seet nach vill méi:

"Je suis écologiste, je veux qu’on protège la planète et qu’on réduise notre empreinte écologique. Mais l’intérêt général, c’est qu’on ne peut pas laisser des millions de personnes en difficulté pour se loger." An dann nach : "On ne peut pas dire à des millions de personnes qui tous les jours galèrent pour trouver un loyer abordable qu'au nom de l’écologie, on ne va pas vous aider"

Sie seet dat wat bei eis am Land net méi ëffentlech gesot däerf ginn.

De Problem Logement muss déi éischt Prioritéit sinn, déi mir hei am Land léise mussen.

An da muss och am selwechten Otemzuch gesot ginn, dass d’Finalitéit vun der Ëmweltpolitik net kann sinn fir d’Schafung vu Wunnraum ze verhënneren. Do wou Wunnraum geplangt ass, muss kënne séier an onbürokratesch Wunnraum gebaut ginn. Zu Lëtzebuerg hu vill Jonker Problemer aus dem Hotel Mamma auszezéien. Honnerte vun akzeptéierte Refugié’en (BPI) setzen an Opfänkstrukture fest.

Jonk Famille musse mat hire Kanner a vill ze klengen Appartementer liewen. D’gesamt Ekonomie leit ënnert dem Manktem vu Main-d’oeuvre qualifiée an huet Problemer Aarbechtskräften aus dem Ausland an d’Land ze bréngen. An dat alles well um Immobiliëmarché net genuch Appartementer an der Locatioun zu Verfügung stinn, well Lëtzebuerg et einfach net fäerdeg bréngt, séier an effikass Logement ze bauen. Lëtzebuerg braucht Logement an allen Präiskategorien, Sozialwunnenge fir déi mi Schwaach an eiser Gesellschaft, mee och Wunnenge fir d'Mëttelschicht.

Et brennt iwwerall.

 

Fir dass et am Logement méi séier an effikass ka weider goen, mussen, op Terrainen déi am Bauperimeter sinn, séier an onkomplizéiert Baugeneemegungen ausgesprach ginn. “Do wou Bauterrain dropsteet muss och kenne gebaut ginn”, dat fuerdert de Secteur schonns zanter Joren!

Mme Emanuelle Cosse weist awer och nach op en zweet Problemfeld hin. "Si on n’a pas pu produire ces logements, c’est parce qu’on n’a pas eu les autorisations, ni obtenu les permis de construire, ni eu les financements qui nous permettaient de sortir ces opérations." Nieft dem Blockage vun Ëmweltministère, huet och den Inneministère seng Responsabilitéit. Effektiv ass et haut jidder Buergermeeschter erlaabt, no sengen Iddien Wunnengsbauprojet’en ze reduzéieren, ze transforméieren oder souguer ze verhënneren. Hei muss d’ Regierung eng gewëssen Tutelle ausüben. Et kéint ee froen, ob eng Kompetenzopdeelung tëscht lokale Kollektivitéiten an dem Staat aus dem Joer 1848 iwwerhaapt nach am Interêt vun de Gemengen ass, déi ëmmer méi Problemer hunn hier Aufgaben z’erfëllen. Wier et net besser eng flächendeckend ofgestëmmte Reegelung zu hunn, amplaz dass all 3 Kilometer d’Reegele vum Spill änneren? 

Et muss endlech Schluss sinn mat diskutéieren, et muss elo gehandelt ginn: méi dicht bauen, méi héich bauen, méi séier bauen an einfach méi bauen. An dat an der bewährten lëtzebuerger Public Private Partnership Manéier : De Staat als Facilitateur den dat privat Kapital an d’Kompetenzen vum Privatsecteur am Intérêt vun der Saach kanaliséiert. Nëmmen esou kréie mir kuerz- a mëttelfristeg d’Problematik an de Grëff.

All Mesure vum Logements-Ministère, déi am Moment an der Diskussioun sinn, ob een se gutt fënnt oder schlecht, sinn ëmmer op eng laangfristeg Besserung aus. Ob de Pacte Logement 2 oder Baulandverträg, dat si Mesuren déi op 10 Joer a méi eng Besserung verspriechen. Do ass eng Ausso vum Minister ‘Ech wäert net scheiteren‘ scho bal sarkastesch, well hie wäert ni um Resultat gemooss kënne ginn…

Wat mir haut brauchen ass eng séier Verbesserung vun der Situatioun, an dat geet just wann séier agéiert gëtt. Mir hunn elo 1 Joer laang eng sanitär Kriss mat 'Mesures de Crises' bekämpft - kommt mir ruffen de Logements-Noutstand aus an huelen déi adequat 'Mesures de Crises' fir de Noutstand am Logement ze behiewen.  

Déi politesch Verantwortlech musse Faarf bekennen: huele Sie de Problem Eescht oder bleiwe maer bei Sonndesrieden an um Terrain ännert sech näischt, well NIMBY-Mentalitéit a Wielerstëmme méi wichteg sinn, wéi eventuell onpopulär Decisiounen am Sënn vum Logement ze huelen.

Wou sinn déi Politiker déi sech oute wäerten an déi sech op de Wee maachen, de Problem aktiv a konsequent unzegoen?  Kucke maer mol, op sech een zu dem Thema zu Wuert mellt...!?

Michel Reckinger

 

 

Präsident UEL

Präsident Fédération des Artisans

Cette tribune est parue le 5 mai dans les pages du Tageblatt