Skip to main content

FDA - NEWS

Lettre ouverte de la Fédération des Artisans au ministre de l’Economie Franz Fayot - version LU

2 août 2023

 

Lettre ouverte de la Fédération des Artisans au ministre de l’Economie Franz Fayot

Här Minister,

Als Fédération des Artisans, dei d’Intérêt’en awer och d’ Reputatioun vun 4.000 Handwierksbetriber mat 60.000 Salariéen aus der Baufilière ze vertrieden huet, kënne mer net aneschters, wéi op d’Etude sectorielle vun der Autorité de la Concurrence, an virun Allem, op Är Aussoen an dem Kontext zeréckzekommen. 

Als Beruffsverband sinn mir déi éischt, déi fir funktionéierend Marchéen plaidéieren, woubäi d’ Anhalen vun Konkurrenzreegelen e wesentlecht Element ass.

Mir contestéieren net, dass d’Autorité de la Concurrence d’Aufgab huet, sech mat der Situatioun um Wunnengsmaart  zebeschäftegen.  

D’ Etude ass allgemeng gehalen a geet op verschidden potenziell Risiken an, déi sech an dem Kontext stellen kéinten, wat natierlech Raum gëtt fir Spekulatiounen.

D’Chambre des Métiers huet sech an engem detailléierten Avis zu de verschiddenen Punkten vun der Etude positionéiert.

Här Minister,

Dir hutt déi Spekulatiounen opgegraff, an Är Interpretatioun dozou public gemat. Dat ass Äert gutt Rescht, mee et huet fir eis e batteren Nogeschmaach. An eisen Aen gouf d’ Grenz tëscht objektivéierbaren Aussoen an onbaséierten Spekulatiounen an Insinuatiounen dobäi gläich e puer Mol iwwerschratt. 

Allgemeng ass et ze bedaueren, dass d’ Autorité de la Concurrence den vun der Politik gepfleegten Amalgam tëscht dem Promoteur an dem Baubetrib iwwerholl huet.

En Terrain ass eng Matière première, deen de Constructeur brauch fir seng Mataarbechter ze beschäftegen a sengem Client säi Produit unzebidden. 

Just als klenge Rappel: De Conseil de la Concurrence huet am Oktober 2021 den Secteur de la Construction an déi ëffentlech Soumissiounen auditéiert an huet deemools keng Irregularitéiten festgestallt.  

Här Minister,

Mir waren schockéiert iwwert déi Ënnerstellung, dass de Secteur géif probéieren, iwwer onattraktiv Léin an Aarbechtskonditiounen fir seng Léit, d’Produktivitéitscapacitéiten déif ze halen an esou Präisser no uewen ze dréiwen. D’ Entrepreneure maachen säit Joeren all Effort fir der pénurie de main d’oeuvre entgéint ze wierken. De Secteur huet schonn virun 20 Joer den Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment (IFSB) gegrënnt fir Mataarbechter vun de Baubetriber ob hier Käschten ze forméieren an d’Carrièren opzewäerten. Am second oeuvre praktizéiere mer zënter 8 Joer dee selwechten Exercice an investéieren massiv a Weiderbildungsmoossnamen.

D’ Aarbechtskonditiounen am Secteur ginn am Kader vun Kollektivvertragsverhandlungen tëscht Employeursverbänn a Gewerkschaften gemeinsam definéiert. Kann wierklech een mengen, mir géifen mat de Gewerkschaften ënnert enger Décke stiechen fir d’ Léin an d’ Aarbechtskonditiounen vun de Beschäftegten am Secteur künstlech schlecht ze halen? Aleng déi Virstellung, hätt jo eigentlech jiddwerengem d’ Absurditéit vun dëser Ausso virun Aen féieren missen.

Den Avis konstatéiert och, dass d’Promoteuren Bauterrain’en kaafen a schwätzt an dem Kontext vun “Land Banking”, dat heescht bewosst zeréckhalen vun Bauterrain zu Spekulatiounszwecker. An dem Kontext ginn mer ze bedenken, dass Privatpersounen iwwer 60 Prozent vun den Bauterrain’en besëtzen, Privatpromoteuren 17 Prozent an d’ ëffentlech Hand 14 Prozent.

De private Marché produzéiert op dem Terrain, deen en huet, all Joer 3.800 Wunnengen. Di ëffentlech Promoteuren produzéieren an der Moyenne eng 300 Wunnengen an engem Joer.

Am Liicht vun deenen Zuelen, misst en sech d’ Fro stellen, wiem dann elo “Landbanking” z’ënnerstellen ass? De Versuch vun der Autoritéit, am Rapport di ëffentlech Hand an dësem Zesummenhang wäisszewäschen, wierkt scho bal verzweifelt. 

Betreffend d’Capacitéitslimitatiounen schwätze mer op dëser Plaz mol guer net vum staatlech orchestréieren Prozedurendschungel, deen mëscht, dass et oft méi wéi 15 Joer dauert, bis aus enger Wiss e Logementsprojet kann ginn. Mee dat gouf jo och schonn mei oft diskutéiert, ouni dass iergend eng Regierung sech selwer mat der Nues geholl hätt a fir Remedur gesuergt hätt. Am Contraire, et kennt ëmmer derbäi!

Am Moment schéngt alles gutt ze sinn, fir vun der Responsabilitéit vun dëser Regierung a Saachen Wunnengsbau ofzelenken.

Dës Regierung huet alles gemaach, fir den Investissement an de Steen onattraktiv ze maachen. Dës Regierung huet de Bau vu Wunnengen, besonnesch fir Locatiounszwecker, op ee Coup duerch d’ Eropsetzen vun der TVA vun 3 op 17% verdéiert. Keen huet um Wunnengsbau mei verdéngt wei d’ Regierung well duerch déi méich héich Präisser d’ Recetten fir de Staat nëmmen sou spruddelen ouni eegene Risiko an eegen Initiativen!

Finalement stellt d’Autorité de la Concurrence fest, dass Promoteuren op ville Projet’en zesummen schaffen, a gesäit d’Gefor vun kriminellen Ofsproochen.

Här Minister,

Wann esou Fäll festgestallt goufen, oder begrënnten Verdachtsmomenter bestinn, da soll dat ëffentlech gemaach ginn, an déi Léit sollen juristesch belaangt ginn, amplaz dass hei alt erëm e Generalverdacht véhiculéiert an e ganzen Secteur a Verruff bruecht gëtt.

Här Minister,

Dir hutt matkritt, dass iwwer 4.000 Betriber mat hiren 60.000 Salariéen am Moment an enger extrem schwiereger Situatioun sinn, an dass den tissu économique vun eiser Baubranche bedrot ass.  

Dir hutt de Ressort vun der Ekonomië, zu der och de Bau gehéiert. Dausenden Betriber kucken och op Iech an är Kolleegen aus der Regierung fir Léisungen fir dës Kris ze fannen. Wat ass Är politesch a praktesch Äntwert op déi Kris, déi dat ganzt Land betrëfft?

Den stännegen Amalgam tëscht de Promoteuren an den Baubetriber huet de facto zur enger reegelrechter Hetzjuegd op d’Handwierk gefouert. Wat soll dat bréngen? Wiem soll dat hëllefen?

Als Fédération des Artisans fuerdere mer d’ Regierung dozou op, eng mei nuancéiert Approche an dem Dossier unzehuelen an endlech mol am Kontext vun der Joerhonnertkris, déi am gaang ass sech am Bau ze entwéckelen, Mesuren ze huelen, déi der Gravitéit vun der Situatioun ugepasst sinn.  Hei geet et net ëm dem Promoteur seng Margen, mee ëm d’ Lëtzebuerger Bauhandwierk a seng Beschäftegt.

A vun Iech Här Minister hätte mer gären, dass  Dir Är Aussoen wat Ofsprooch an aner konkurenzverzerrend Magouillen relativéiert, fir net ze soen zeréckzitt, oder awer Beweiser fir déi Reproche liwwert.  

 

Fédération des Artisans

  1. August 2023