Skip to main content

FDA - NEWS

Message vum Michel Reckinger, Präsident vun der Fédération des Artisans

Léif Kolleginnen a Kollegen Handwierker,

Et ginn elo 3 Wochen, dass eis Betriber entweder ganz zou sinn oder mat enger Minimalkapazitéit schaffen. Dat ass eng enorm Belaaschtung fir d‘Patronen, déi d’Responsabilitéit fir d’Entreprise hunn, an awer och fir d‘Salariéen, déi an der Entreprise schaffen. Trotzdeem gesäit et esou aus, wéi wann d’Betriber sech geschlossen un d’Oplagen vun der Regierung halen. Als Chef d’entreprise handele mer verantwortungsvoll am Intérêt vun eise Mataarbechter an der Gesellschaft am Allgemengen. Betriber sinn e wichtegen Deel vun der Léisung. Dofir soen ech Iech op dëser Plaz Merci.

Et gëtt vill vun eis verlaangt, mee de gemeinsamen Effort dréit Friichten. Zuel vun den Neiinfektiounen klëmmt méi lues an mir kënnen relativ zouversiichtlech sinn, dass eis esou dramatesch Situatiounen wéi an Italien oder Spuenien zu Lëtzebuerg erspuert bleiwen. Dat war a bleift keng Selbstverständlechkeet.

Déi wirtschaftlech Auswierkungen bleiwen natierlech enorm. Eis Recetten sinn quasi vun engem Dag op deen aneren ewechgebrach an eng ganz Partie vun eise Frais‘en lafen virun.

An dëser Situatioun musse mer unerkennen, dass d’Regierung esouwuel um sanitären wéi och um ekonomesche Plang séier réagéiert huet an déi richteg Moossnamen getraff huet, fir de Betriber an hire Mataarbechter ënner d‘Äerm ze gräifen.

Iwwert Kuerzaarbecht kréien eis Mataarbechter 80 Prozent vun hirem Salaire garantéiert. Mir wëssen, dass de Prozess nach net zu 100 Prozent rodéiert ass, an dass Betriber op Problemer stoussen. Mir wëssen awer och, dass d‘Administratiounen an d‘Ministèrë mat Héichdrock un Solutiounen schaffen. Hinnen alleguer, egal op wéi enger Plaz, ee grousse Merci fir deen onermiddlechen Asaz. Den zweete Volet vun de Regierungsmesuren betreffen déi Liquiditéitshëllefen an Kreditgarantien, déi verhënnere sollen, dass d‘Betriber an dëser akuter Phase vun der sanitärer Kris direkt a finanziell Schwieregkeete kommen.

Och hei musse mer kucken, dass keen Knéck am Schlauch ass. Hei mussen all déi implizéiert Acteuren hir Roll spillen fir dass déi Aiden och do ukommen wou se gebraucht ginn. Virun allem muss et séier an onkomplizéiert goen, well d’finanziell Liquiditéit ass et wat de Betrib haut an elo brauch.

Als Fédération des Artisans sinn mer am stännege Kontakt mat der Regierung an de Verwaltungen fir d’Lag permanent ze bewerten an Upassungen virzehuelen wann et néideg ass. Et ass gewoosst, dass et mat dem éischten Mesurenpak net gedoen ass, an dass nach weider Mesuren nokomme mussen, och fir den Indépendanten ënnert d’Äerm ze gréifen. Och hei si mer a permanenten Diskussiounen fir den Dossier weiderzedrécken.

Déi staatlech Ënnerstëtzung ass wichteg fir d’Economie um Liewen ze halen. Et ass och wichteg dass mer alleguer wëssen, dass dat näischt mat Almosen ze dinn huet. Ouni déi staark Ekonomie déi mer alleguer zesummen am Laf vun de leschte Joeren opgebaut hunn, hätte mer weder deen performanten Gesondheetssystem, dee mer entre-temps alleguer schätzen, mir hätten och déi finanziell Moyenen net fir all déi Moossnamen ze stëmmen, weder um gesondheetlechen, nach um sozialen oder wirtschaftleche Plang.

Fir d‘Betriber ass et awer och wichteg ze wëssen, wéi et weider geet fir dass mer erëm op eegene Been stoe kënnen. Zesumme mat der Regierung schaffen d‘Verbänn konkret un enger sougenannter Exit-Strategie fir dass d’handwierklech Aktivitéiten mat gréisstméiglecher Sécherheet fir eis Beschäftegten sukkzessiv ërem ulafe kënnen, soubal déi sanitär Situatioun dëst erlaabt. Mir brauchen kloer Regelen wat fir Aarbechten ënnert wat fir Konditiounen duerchgefouert kënne ginn a mir brauchen eng transparent Kommunikatioun vis-à-vis vun de Betriber, eise Salariéen a Clienten. Dës Situatioun verharmlosen ass genau esou kontraproduktiv wéi iwwerdriwwen Panikmache. D’Welt an der mer liewen a schaffen wäert an de nächste Méint eng aner sinn wéi mer dat bis elo gewinnt waren. Mir mussen eis drop astellen, dass de Sécherheetsgedanken an eise Betriber nach eng méi grouss Roll spillt, wéi et normalerweise schonn de Fall ass.

Léif Kolleginnen a Kollegen Handwierker,

Als Lëtzebuerg stinn mer zesummen. Wann mer et packen, dës Kris z’iwwerstoen, da packe mer et zesummen. Regierung, Betriber, Salariéen. Dofir kënne mer am Moment net vill aneschtes maachen, als openeen ze vertrauen. Vetrauen an d‘Betriber, dass se alles maache wäerten fir Aarbechtsplazen ze erhalen an hir Salariéen ze schützen. Vertrauen an d’Regierung, dass alles gemaach gëtt fir d‘Gesondheet vun de Leit ze schützen, awer och d’wirtschaftlech Grondlagen vun dësem Land intakt ze halen. Vertrauen, dass déi Solidaritéit déi mir haut als Betriber weisen, an de nächste Méint och fir eis spille wäert.

Bleift gesond !

Michel RECKINGER

Präsident vun der Fédération des Artisans