FDA - NEWS

Articles in Category: FDA-NEWS

Stagiaire oder Student(in) gesicht! Du hues en Mindestalter vun 18 Joer an scho en Führerschein? Interesséiers dech fir de Beräich vum Event-Planing an Organisatioun? Du hues fir déi nächst puer Méint Zäit a Loscht en flotten an ofwiesslungsräiche Stage ze maachen, deen dir nei Dieren opmécht an nei Erfarunge brénge kann? Dann bass du bei ons genau richteg! Fir d`Organisatioun vum Concours „Timber Construction European Championships Luxembourg 2018“ siche mir een/eng Stagiaire fir eng „rund-um“ Ënnerstëtzung. Zu den Aufgabe gehéiere Aufgabe-planning opzestellen an ze erfëllen, sech em den Internet-Site souwéi em sozial Medien ze këmmeren a bei de villfältege Planunge fir de Concours ze hëllefen. Dëst bitt dir Méiglechkeet, dech weider ze entwéckelen, villes aus der Eventplanung bei ze léieren a villäicht nei Interessen ze entdecken. Du bass also motivéiert, flexibel a kanns dech gutt organiséieren? Du hues villäicht scho bëssi Erfarung mat Plange vun Eventer a wëlls däi Kënnen ënner Beweis stellen? Du schwätz Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch a fënns des Annonce uspriechend? Dann schéck eis däi CV mat denge Kontaktdate per Mail un folgend Adresse: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser. Wéini? Ma ab elo! Sou schnell wéi et dir geet, respektiv ab wéini du disponibel bass. Bis? Gesicht gëtt fir bis den Oktober 2018, mir sinn do awer flexibel mat den Zäiten. Wichteg ass fir eis, dass du en Minimum vu 6 Woche kanns bei ons sinn.

Inscrivez-vous à notre newsletter

Suivez l'actualité de la Fédération des Artisans
.

Nos sponsors

FÉDÉRATION DES ARTISANS

2 Circuit de la Foire Internationale
L-1347 Luxembourg

(+352) 42 45 11 - 1

LU-VE 08H00-17H00

Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

CONTACTEZ-NOUS


© Fédération des Artisans

Design by Molotov Design