Skip to main content

FDA - NEWS

52 Wochen, 52 Betrieber!

52 Wochen, 52 Betrieber!

Gudde Moien,

D’lescht Joer haat ech d’Initiativ geholl, fir mech selwer bei Iech alleguer anzelueden. Die Aktioun war ee grousse Succès mengen ech, insgesamt 47 Betrieber war ech sou am Laaf vum Joer besichen fir mat den Handwierker ze schwätzen iwer daat waat sie sou undreiwt. Dobäi konnte mer villes beliichten an diskutéieren, a gesinn, dass villes vun engem Betrieb op den aaner aanescht, villes awer och d’nemmlecht ass. Bei där Übung hunn ech immenz vill geléiert, ech hu vill gesinn, ech hun och heiansdo den Dicks geriicht kritt, wann den een oder den aaner mol net sou zefridde war mat dem, wat mer sou verbrach hunn. Am Allgemengen kruut ech awer vun Iech vill Luew fir d’Arbëscht vun der Fédération des Artisans am leschte Joer, an daat huet gudd gedoon ze gesinn dass den Asaatz vun der ganzer Equip am Sekretariat gewürdegt gëtt, genee sou wie kritiséiert gëtt, wa mol eppes nët sou leeft wie gehofft.

2020 war een extrem schwieregt Joer, net nëmmen fir d’Betrieber aus dem Handwierk an dem Rescht vun der Ekonomie, mee och fir hier Organisatioun d’Fédération des Artisans. Och bei eis ass kuerz geschafft ginn, och am Sekretariat schaffe mer zenter Méint a getrennten Equippen, die eng vun doheem, di aaner vum Bureau aus. Dozou all Daag nei Gesetzer a Regelen wie een da lo waat muss organiséieren, alles waat gëschter nach richteg war ass haut scho falsch, éiweg Diskussiounen mat Ministeren a Beamten die eis leider net ëmmer follechen, probéieren eise Memberen sou gudd et eben geht alles daat waat iwer eis a Sie erabrëcht mein o ze bréngen an z’erklären…

2021 misst besser ginn, et ka jo baal nach nëmmen besser ginn. Iergendwann kréie mer an nächster Zukunft ee Vaccin mat dem mer eis an eis Matarbëschter wäerte kënnen impfe loossen, och wa momentan nach net alles wierklech gudd geléist a geklärt ass. Mir stinn am Ufank vum neie Joer. Dofiir och den Titel vun dësem Bäitrag: 1 Joer = 52 Wochen = 52 Geleenheeten, fir ee Betrieb besichen ze kommen. Och dëst Joer wëll ech mat Iech, de Memberen vun der Fédération des Artisans, iwer Äre Betrieb, Äre Beruff, Ärt Handwierk schwätzen! Mäin Ziel ass et, fir och dëst Joer ab März ee Betrieb pro Woch besichen ze goen, gewëssermoossen eng Tournée vum Generalsekretär am Secteur.

Mellt Iech also bei mir, wann Dir wëllt dass ech bei Iech kommen. Mir maachen dann ee klenge Rendez-vous of, an ech kommen, Gewéinlesch huet sou eng Visite eng dräi Stonnen gedauert, mir kënnen op äre Wonsch awer och méi laang Zäit aplangen. Flott wier et och, wann Dir mir kéint soen, wou de Schung dréckt an iwwer wéi en Thema Dir Iech mat mir ënnerhaalen wéilt.

Bei “normalen” Urgencen (Arbechtsrecht, Organisatioun, marchés publics etc.) steet Iech d’Sekretariat vun der Handwierkerfederatioun natiirlech ëmmer zur Verfügung (www.fda.lu). Dir hutt eventuell besser an dem Fall nëtt op mëch ze warden, mee derfiir ze suergen direkt Hëllef ze kréien. An do ass kee besser wei d’Handwierkerfederatioun. Rufft un an da kritt Der gehollef!

Selbstverständlech kënnt Der och soss d’Matarbëschter vun der Federatioun bei Iech an de Betrieb invitéieren. Och äre Conseiller steet bereet, wann Dir rufft.

Vu ménger Säit géife mëch verschidden Themen besonnesch intresséieren, respektiv wéi Dir domatt am Betrieb ëmgitt, ob a wa jo wéi eng Léisungen Der fonnt hutt a wéi Der se am Betrieb a mat den Matarbëschter ëmgesaat hutt…: Fachkräftemangel, Digitaliséierung, CO2 a Klima, Organisatioun vun der Arbëscht. Mir kënnen och ganz gär iwer d’Federatioun schwätzen an doriwwer waat Dir doranner gesitt. Natierlech ass den Themekrees nëtt ob déi ugeschwaate Beräicher begrenzt. Wann Dir ee ganz konkrete Problem hutt bei dem Dir Iech vun der Handwierkerfederatioun Hëllef erwaart, wier et och gudd, dat am Viiraus ze wëssen, dass ech eventuell direkt dee richtegen Uspriëchpartner ka mattbréngen wann dat fir Iech an der Rei ass.

Dofiir zéckt nët a mellt Iech bei mir: r.schmit@fda.lu oder 42 45 11-26

Romain Schmit,
Generalsekretär vun der Fédération des Artisans

 

 

LinkedIn